Frenn vun der Maacher Musekschoul
Dës asbl ass den 1. Mee 2011 gegrënnt ginn, vun engem Grapp voll motivéiert Leit, déi d’Musekschoul vu Maacher wëllen ënnerstëtzen. Eis Ziler sinn:
- d’Interessi fir d’musikalesch Erzéiung ze erwächen,
- d’Interessen vun der Maacher Musekschoul ze verteidegen,
- e gudd Versteesdemech zwëschen alle Memberen vun der Schoulgemeinschaft (Enseignanten, Schüler an Elteren),
- Manifestatiounen ze organiséieren (Auditiounen, Stagen, Concerten, asw.), an Zesummenaarbecht mat der Musekschoul,
- verdéngschtvoll Schüler aus benodeelegte Familljen finanziell, materiell a moralesch ze ënnerstëtzen,
- de Schüler aus benodeelegte Familljen den Zougang zur Musekschoul ze erméiglechen.
Wann Dir Loscht hutt, eis ze ënnerstëtzen, dann iwwerweist 10 € fir d’Memberskaart op den Kont vun de Frënn vun der Maacher Musekschoul asbl: IBAN LU73 0019 3555 5805 6000 (BIC: BCEELULL) mat der Mentioun „Memberskaart“.
Den aktuellen Comité setzt sech zesummen aus:
- Roger Thilgen, President
- Nicole Thilgen, Sekretärin
- Mario Berend, Tresorier
- Linda Lamberty, Member
- Christiane Urwald, Member
- Claude Kries-Neyens, Member
- Tanja Konsbruck, Member
- Marc Krier, Member
- Patrick Frieden, Member
- Matthias Lamberty, Member
- Romain Asselborn, Member
Fir weider Informatiounen kënnt Dir eis uruffen um 75 82 78, eng mail schécken un frenn@maacher-musekschoul.lu, oder de Formular hei ënnedrunn ausfëllen.
E Formular fir eng Demande fir e Subside fir Aktivitéiten am Zesummenhang mat de musekaleschen Studien fann der hei: