Danz a Beweegungsraum fir Kleng a Grouss
Titel
|
Danz a Beweegungsraum fir Kleng a Grouss |
Presentatioun |
Am Danz a Beweegungsraum kënnen d’Kanner an hier Elteren sech Zäit huelen, fir sech duerch d’Beweegung ze begéinen. Mir danzen, sprangen, dréinen a beweegen eis, am Grupp, zu zwee oder eleng. Mol gi mir vun der Musek begleet, mol loosse mir d’Rou op eis wierken. Mir léieren einfach Beweegungsofleef déi mir kënne mat Heem huelen an an eisen Alldag kënnen abauen. Duerch den Danz kenne mir eis mol anescht begéinen, an d‘Rolle vu Grouss a Kleng tauschen. Wien guidéiert a wien gëtt guidéiert? Wien gëtt d’Gewiicht of a wien dréit? Duerch wibbeleg Geschichten, geckeg Faarwen a verschidde Géigestänn erliewe mir d‘Beweegung an ënnerstëtzen d’Entwécklung vun eiser Kreativitéit wéi och vun der Motorik an der Koordinatioun. Och déi Grouss kréien d’Gleenëheet u Mobilitéit, Flexibilitéit a Stabilitéit ze schaffen. Zum Schluss vun all Cours huele mir eis Zäit fir zesummen ze ootmen an eise Kierper duerch de Kontakt vum Partner ze entspanen.
|
Fir wien ? |
Kanner tëscht 6 Méint an 4 Joer mat hiren Elteren oder enger Bezuchspersoun Gruppen: Raupen ab 6 Méint, Bonobo ab 12 Méint, Känguru ab 2 Joer |
Unzuel u Participanten |
8 Koppelen |
Dauer |
45 min. |
Sproochen
|
Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch, Englesch |
Wéini ? |
6x Dënschdes: 26.09.2023, 10.10.23, 24.10.23, 7.11.23, 21.11.23, 5.12.23
08h30-09h15 Raupen (ab 6 Méint, fir Kanner déi nach net laafen) 09h15-10h00 Bonobo (ab 12 Méint, fir Kanner déi scho laafen) 10h00-10h45 Känguru (ab 2 Joer) |
Die Kurse werden organisiert in Kooperation mir der asbl "Frënn vun der Maacher Musekschoul" und geleitet von Frau Maïté Margue.
Der Kurs besteht aus einem Modul von 6 Kursen zu 45 Minuten (Maximal 6 Mal 45min besuchbar) , und die Einschreibegebühr beträgt 60 €.
Einschreibung über das untenstehende Anmeldeformular.
Nach der Einschreibung ist der Betrag von 60 € auf das Bankkonto der asbl "Frënn vun der Maacher Musekschoul" IBAN LU73 0019 3555 5805 6000 (BIC: BCEELULL) zu überweisen.