Home Events
Sa
Apr
2020
18

Miseler way of life @ home

// Kategorie : Konzert
D’Miseler loossen sëch net ënnerkréien!

D’Miseler loossen sëch net ënnerkréien!

Ënnert dem Hashtag #miselerwayoflife@home wëlle mir, d’Gemeng Gréiwemaacher an d’Regional Maacher Musekschoul vum 23. Mäerz u regelméisseg Video’en op eiser Facebooksäit an um Youtube-Channel vun der Musekschoul posten. 

Dës Video’e solle weisen dat d’Maacher Kulturliewen net vun enger Quarantän ze bremsen ass a mir, obwuel mer alleng doheem sëtzen, trotzdem zesumme schéines erliewen an eis Suerge fir ee Moment vergiesse kënnen.

Wie ka matmaachen?

Jiddereen, jonk an al, Prof oder Schüler, deen sech selwer bei filme wëll, wéi en e Stéck spillt, eppes sengt, e Virtrag hält a sou weider.

Wéi kann ee matmaachen?

Huelt Iech mat Ärem Handy, Tablet, Webcam, Kamera op a scheckt de Video op tom.schartz@grevenmacher.lu

D’Videoe ginn dann no an no op Facebook an op Youtube eropgelueden.

All Video dee mir poste brengt Freed an erënnert un dat normalt Liewen, dowéinst freeë mir eis iwwer all Clip dee mir kréien.

Adresse

Regionale Musikschule Grevenmacher
21, rue de Trèves
L-6793 Grevenmacher
Tel: (+352) 75 03 11 4200
E-Mail: info@maacher-musekschoul.lu