Home Events
So
Feb
2023
05

Generalversammlung 2023 vun der asbl "Frënn vun der Maacher Musekschoul"

11:30 - 12:30 // Kategorie : Verschiedenes
Generalversammlung 2023 vun der asbl "Frënn vun der Maacher Musekschoul"

Mir invitéieren Iech ganz häerzlech op eis Generalversammlung,

de Sonndeg, 5. Februar 2023 ëm 11.30 Auer

an der Buvette vum Stadion „op Flohr“ zu Gréiwemaacher.

Ordre du jour:

  1. Begréissung duerch de President.
  2. Aktivitéitsbericht vun 2022 a Projeten fir 2023.
  3. Keessebericht.
  4. Décharge duerch d’ Keesserevisoren.
  5. Décharge vum Comité.
  6. Neiwiel vun engem Deel vum Comité laut Statuten.
    Austriedend Memberen, déi erëmwielbar sinn: Christiane Urwald, Claude Neyens, Roger Thilgen, Mario Berend, Marc Krier). Nei Memberen fir an de Comité sinn häerzlech wëllkomm a kënnen hir Kandidatur bis de Moien vun der Generalversammlung stellen.
  7. Neiwiel vun de Keesserevisoren.
  8. Fixatioun vun der jäerlecher Cotisatioun.
  9. Fräi Aussprooch.

 

Duerno offréieren mir Iech e Patt. Mir freeën eis, Iech op der Generalversammlung kënnen ze begréissen.

Mat beschte Gréiss,

fir de Comité,

Roger Thilgen

President

Nicole Thilgen

Sekretärin

Adresse

Regionale Musikschule Grevenmacher
21, rue de Trèves
L-6793 Grevenmacher
Tel: (+352) 75 03 11 4200
E-Mail: info@maacher-musekschoul.lu