logo-maacher-musekschoul.png

Städtische Musikschule Grevenmacher

Frenn vun der Maacher Musekschoul a.s.b.l.

Frenn vun der Maacher Musekschoul a.s.b.l.Dës asbl ass  den 1. Mee 2011 gegrënnt ginn, vun engem Grapp voll motivéiert Leit, déi d’Musekschoul vu Maacher wëllen ënnerstëtzen. Eis Ziler sinn: 

  • d’Interessi fir d’musikalesch Erzéiung ze erwächen,
  • d’Interessen vun der Maacher Musekschoul ze verteidegen,
  • e gudd Versteesdemech zwëschen alle Memberen vun der Schoulgemeinschaft (Enseignanten, Schüler an Elteren),
  • Manifestatiounen ze organiséieren (Auditiounen, Stagen, Concerten, asw.), an Zesummenaarbecht mat der Musekschoul,
  • verdéngschtvoll Schüler aus benodeelegte Familljen finanziell, materiell a moralesch ze ënnerstëtzen,
  • de Schüler aus benodeelegte Familljen den Zougang zur Musekschoul ze erméiglechen.

Wann Dir Loscht hutt, eis ze ënnerstëtzen, dann iwwerweist 10 € fir d’Memberskaart op den Kont vun de Frënn vun der Maacher Musekschoul asbl: IBAN LU73 0019 3555 5805 6000 (BIC: BCEELULL) mat der Mentioun „Memberskaart 2012“. 

Den aktuellen Comité setzt sech zesummen aus:

  • Roger Thilgen, President
  • Emile Hoffmann, Vice-President
  • Nicole Thilgen, Sekretärin
  • Mario Berend, Tresorier
  • Martine Cognioul, Member
  • Linda Lamberty, Member
  • Christiane Schiltz-Urwald, Member
  • Claude Kries-Neiens, Member
  • Ekaterina Lucius, Member
  • Georges Steimenz, Member
  • Matthias Lamberty, Member
  • Romain Asselborn, Member

Fir weider Informatiounen kënnt Dir eis uruffen um 75 82 78, eng mail schécken un fmm@emmg.lu, oder desen Formular ausfellen.